De Gewënner vum Prix Laurence 2017 Nicolas Calmes war de Samschden Invité am Generator

De Gewënner vum Prix Laurence 2017 Nicolas Calmes war de Samschden Invité am Generator an huet säi Gewënnertext „What I did“ virgedroen. De ganzen Text kann een hei nolauschteren: https://www.100komma7.lu/program/emission/generator Generator ëmmer samschdes vun hallwer 7 bis 8 an duerno an der Mediathéik vum radio 100,7 🙂


Generalversammlung vum Jugendhaus Schëtter

Léif Leit, Heimat wëlle mir Iech häerzlech op d’Generalversammlung vun der „Schëtter Jugendhaus a.s.b.l.“ alueden. D’Generalversammlung gëtt Dënschdes, den 26. Abrëll 2016 um 19h00 am Jugendhaus ofgehalen. Deen Dag kënnen och interesséiert Leit sech mellen fir an de Comité vum Jugendhaus ze kommen.