1999 huet sech d’A.s.b.l. „Schëtter Jugendhaus“ aus freiwëllgen Memberen gegrënnt mat der Zielsetzung an der Schëtter Gemeng een Jugendhaus opzemaachen an domadder den Jugendlechen kënnen eng Reimlechkeet ze bidden vir sech ze treffen, gemeinsam Aktivitéiten ze plangen, an aawer och eng „Bildungsstätte“ ze sin. Am Februar 2000 ass dun eng Konventioun ennerschriwwen gin, déi am Abrëll 2000 a Kraft getrueden ass, zwëschen der A.s.b.l, dem Ministère de la famille an der Schëtter Gemeng. D’Jugendhaus ewéi mer haut hun an kennen ass zu Minsbech geleen, op 199 rue Principale an och vun baussen ass et net schwéier erëmzekennen opgrond vun engem groussen Graffiti an eiser Camionette déi och den Logo vum Jugendhaus dréit nierwt diversen Sponsoren. D’Jugendhaus ass all Dag ausser Sonndes an Meindes op an jiddereenT am Alter zwëschen 12 an 26 Joer ass hei wellkomm.

Services Contact Us

 

Mär sichen motivéiert Jonker :

Am Moment sichen mär vir eis Servicer Jugendlëcher déi sech wëllen engagéieren am Bereich

  • Animateur vir d’Spillnomëtteger – du brauchs eng Formatioun dovir
  • Jonker déi Loscht an Zeit hun vir Kanner aus dem Primaire bei den Hausaufgaben z’assistéieren
  • Babysitter